lb | fr | pt | en |
D’Mass op Epiphanie gouf aus dem Klouschter Peppeng iwwerdroen
Ensemble Vocal Cantus Gaudium as de Numm vun engem Grupp Hären, déi sech am Januar 2015 spontan zesummefonnt hu fir ze sangen.
Wei de Numm et scho seet, soll de Grupp d’Freed um Sange nach fërderen.
Déi meescht Hären, déi bal alleguer an engem gemëschte Chouer sangen, hunn et flott fonnt am renge Männergesank hiren Horizont ze erweideren.
Och am Joer 2021 hat den Ensemble Vocal Cantus Gaudium, mat sengen 20 Aktiven Memberen, e puer Optrëtt a Massen. Enner anerem: am Summer zu Diddeleng e Concert am Kader vun der Fête de la Musique; am CNA bei der Journée Commémoration Nationale ënner dem Pierre Cao, an och elo virun kuerzem en gelongene Chrëschtconcert, zesummen mat der Männerchorale Sängerbond vu Waasserbëlleg. Och fir 2022 si schonns e puer flott Aktivitéite geplangt.
D’Direktioun vum Chouer huet déi ganz engagéiert Madamm Nancy Back-Kelsen, déi hei zu Lëtzebuerg am Chouerwiese keng Onbekannten ass.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
Chorale : Ensemble Vocal Cantus Gaudium
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel Entrée | Joy to the world | J. Wayne Kerr |
---|---|---|
Agangslidd | Joy to the world | G.F. Haendel |
Kyrie | Messe Brève no5 | Charles Gounod |
Gloria | Les anges dans nos campagnes | Louis Lambillote |
Zwëschegesang | Deck the Hall | Traditional- Wales |
Alleluja | Alleluja | W.A. Mozart |
Credo | ||
Gowelidd | Es ist ein Reis entsprungen | Michael Praetorius |
Sanctus | Messe Brève no5 | Charles Gounod |
Anamnèse | ||
Agnus Dei | Come, o though king of kings | anonymus |
Kommuniounslidd | Am Weihnachstbaume die Lichter brennen | Traditional |
Schlusslidd | Aus dem Himmelssall | |
Uergel Sortie | Toccata sur le thème “ Ihr Kinderlein kommet" | Albert Leblanc |
- D’Sondesmass um 4. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Mamer iwwerdroen
- D’Mass vum 31. Oktober gouf vu Knapphouschent iwwerdroen
- D’Mass um 3. Ouschtersonndeg gouf aus der Kierch vu Weiler-la-Tour iwwerdroen
- D’Mass um 32. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Stadbriedemes iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vu Bruch iwwerdroen