lb | fr | pt | en |
D’Mass um 31. Sonndeg am Joreskrees gouf aus dem Klouschter Peppeng iwwerdroen
De 5. November gouf d’Sonndesmass aus dem Klouschter Peppeng iwwerdroen. D’Choralle vu Kayl, Téiteng a Rëmeleng hu mam Dirigent Jean-Claude Thilges gesongen, begleet op der Uergel vum Romain Ludwig. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale vu Kayl, Téiteng a Rëmeleng
Des Tëleesmass gëtt vun den dräi Choralen aus der Par Kayldall Notre-Dame des Mineurs gesongen. Et sinn dëst d’Chorale St Pie X Kayl, déi dëst Joer hiere 50. Gebuertsdag feiert, d’Chorale Ste Cécile Téiteng an d’Chorale Ste Cécile Rëmeleng.
Si fannen sech ëmmer nees zesummen fir di gemeinsam Gottesdéngschter musikalesch ze begleeden.
Zënter 1985 ass de Jean-Claude Thilges Dirigent vun der Chorale St. Pie X Kayl.
D’Prouwen sinn all Mëttwochs um 19.30 Auer an der Kayler Kierch.
140 Joer „Klouschter Peppeng“
Nach der Messe lädt der Freundeskreis vom „Klouschter Peppeng“ Sie alle ein, um die 140 Jahre der Gründung des Klosters mit zu feiern:
10:15 Kaffee und Kuchen
11:15 Concert-Apero
12:15 Mittagessen
Animation
15:30 feierliche Benediktinervesper
Der Freundeskreis freut sich auf Ihren Besuch!
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Improvisatioun iwwer d’Agangslidd | Romain Ludwig |
---|---|---|
Agangslidd | Deutsche Messe | Michael Haydn |
Kyrie | Herr, erbarme dich | LD 135 |
Gloria | Deutsche Messe | Michael Haydn |
Tëschegesang | O allerhöchste Speise | Johann Sebastian Bach |
Alleluia | Alleluia | LD 208 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Deutsche Messe | Michael Haydn |
Sanctus | Deutsche Messe | Michael Haydn |
Anamnes | Geheimnis vum Glawen | LD 264 |
Agnus Dei | Er ist das Brot | Lorenz Maierhofer |
Kommiounslidd | Deutsche Messe | Michael Haydn |
Schlusslidd | I’m Dreaming of Home | Philippe Rombi |
Uergel: Sortie | Allegro vivo e maestoso | Dom Paul Benoît |