lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
6. Januar 2022
D’Mass vum 9. Januar gouf vu Péiteng iwwerdroen
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Ste Cécile Péiteng
D’Chorale Ste Cécile vu Péiteng ass de Chouer vun der Parkierch Kordall Ste Barbe. 1916 ass d’ Chorale als Männer-a Bouwechouer gegrënnt ginn a 1951 sinn d’Dammen derbäi komm. Haut besteet de Chouer aus 21 aktive Memberen, déi all Sonndeg d’Houmass mat liturgeschem Gesang verschéineren an d’Feierdeeg mat engem festleche Programm auszeechnen. Op Ufro begleet de Chouer och all aner Feier an der Kierch. Offiziell Festivitéite vun der Gemeng gi vun der Chorale mat Gesang ënnerstrach. Dammen an Häre vun all Alter, déi Freed um Kierchegesang hunn, sinn häerzlech wëllkomm. D’Chorale prouft mëttwochs vun 20.00- 21.30 Auer zu Péiteng an der Kierch.
(mjms)
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel Entrée | Prelude on “Winchester new”, OP 95, No 29 | Flor Peeters |
---|---|---|
Agangslidd | Ich bin getauft und Gott geweiht | MA 635 |
Kyrie | Messa in onore di S. Lucia | L. Bottazzo |
Gloria | Messa in onore di S. Lucia | L. Bottazzo |
Zwëschegesang | Meine Seele preise den Herrn | MA 743 |
Alleluja | Alleluja | W. Boyce |
Credo | gëtt gebied | |
Gowelidd | Freut euch, ihr lieben Christen | L. Schröter |
Sanctus | Messa in onore di S. Lucia | L. Bottazzo |
Anamnèse | Adoramus te o Christe | J. Berthier |
Agnus Dei | Messa in onore di S. Lucia | L. Bottazzo |
Kommuniounslidd | Jesus bleibet meine Freude | J.S. Bach |
Schlusslidd | Tochter Zion, freue dich (Oratorium Judas Makkabäus) | G.F. Haendel |
Uergel Sortie | Final | N.- J. Lemmens |
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique