lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Buddeler iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um 2. Adventssonndeg, den 9. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vu Buddeler iwwerdroen. D’Kierchechéier vu Bech, Biwer an Hemstel hunn ënnert der Leedung vum Tom Osborne gesongen, um Keyboard huet d’Libby Kramer begleet.
D’Kierchechéier vu Bech, Biwer an Hemstel
Déi dräi Kierchechéier Bech, Biwer an Hemstel hu jiddereen hir eege Geschicht. Gegrënnt goufen si als Männerchéier – Hemstal 1895, Biwer 1907 a Bech 1919 (oder virun 1880?). Ëm dat 2. Vatikanescht Konzil, den Zäiten an Entwécklungen an der Kierch entspriechend, sinn si gemëschte Chéier ginn – Bech 1961, Hemstel 1973 a Biwer 1974. Hirt Engagement an all deene Joeren am Déngscht vun der gesanglecher Gestaltung vun de Gottesdéngschter an der sozialer Zesummegehéieregkeet ass och an schwieregen Zäiten an bäi allen Ëmstukturéierungen konstant bliwwen.
Virun esou 15 Joer hunn déi dräi Chéier ënnert dem Impuls vum deemolegen Dirigent de Jos Stutz hir gesaanglech Aktivitéiten zesummen geluegt, an dëst fir iwwerhaapt eng Iwwerliewenschance ze hunn. Dës frëndschaftlech a musikalesch Zesummenaarbecht iwwer déi fréier Dekanats- an heiteg Pargrenzen ewéch dréit hier Friichten fir eng engagéiert a leidenschaftlech musikalesch Gestaltung vu Gottesdéngschter (Massen, Begriewnisser, Hochzäiten, Kommiounen, Firmungen …) a doriwwer eraus fir Concerten an der Regioun. De Chouer versteet säin Asatz als e Beitrag zur spiritueller a mënschlecher Solidarität an de Pargemeinschaften an an den Dierfer. De breet gefächerte Répertoire, deen ëmmer erweidert gëtt, begeeschtert Sänger an Nolauschterer gläichermoossen.
Déi ongeféier 25 Sänger a Sängerinnen treffen sech zu Hemstel mëttwochs, vun 19.30 bis 21.30 Auer, an dat net nëmmen fir ze prouwen. Avis aux amateurs!
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Introitus | Populus Sion | grégorien |
---|---|---|
Agangslidd | Réveille ta puissance | Robert Jef - M 1021 |
Kyrie | Tau aus Himmelshöhn | M.L. Thurmair - M 103 |
Psalm | M 753,1 + MüK C7 | |
Alleluja | Alleluia, Esprit donné pour la vie | Ch. Singer, M. Wackenheim; arr. T. Osborne |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Wie der Hirsch schreiet | H. Distler |
Sanctus | Deutsche Messe | H.-E. Prinz |
Anamnèse | M 360,5 | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | M 417 | grégorien |
Kommuniounslidd | O Heiland, reiß die Himmel auf | Fr. Spree, H. Stern |
Schlusslidd | Aube nouvelle | M. Scouarnec, J. Akepsimas |
Sortie | Wachet auf, ruft uns die Stimme | J.G. Walther |
Chouer: Kierchechéier vu Bech, Biwer an Hemstel
Dirigent: Tom Osborne
Keyboard: Libby Kramer