Skip to main content Skip to page footer

Danksagungsmass zu Éiere vum Poopst Franziskus

Dëse Sonndeg an der Kathedral

Bei Geleeënheet vum Ofliewe vum Poopst Franziskus invitéiert de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, déi Gleeweg un enger Danksagungsmass fir de Pontifikat vum verstuerwene Poopst deel ze huelen. D’Feier, déi vum Mgr Leo Wagener, Weibëschof, presidéiert gëtt, ass dëse Sonndeg, de 27. Abrëll 2025 um 18 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg.

D’Mass gëtt am Livestream op www.cathol.lu iwwerdroen.

 


 

Kondolenzbuch

E Kondolenzbuch läit fir de Public vun en Donneschdeg, 24. Abrëll, bis e Samschdeg, 26. Abrëll, an der Kathedral aus (vun 8 bis 18 Auer). All Leit, déi hir Trauer oder Reverenz bei Geleeënheet vum Doud vum Poopst Franziskus wëllen zum Ausdrock bréngen, sinn invitéiert sech hei anzedroen.

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéitvun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Highlights

Weitere Aktualitäten

Danksagungsmass zu Éiere vum Poopst Franziskus

Begriefnesmass vum Poopst Franziskus zu Roum

Requiescat in pace

D’Mass op Ouschtersonndeg gouf vun Hueschtert iwwerdroen