
Danksagungsmass zu Éiere vum Poopst Franziskus
Dëse Sonndeg an der Kathedral
Bei Geleeënheet vum Ofliewe vum Poopst Franziskus invitéiert de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, déi Gleeweg un enger Danksagungsmass fir de Pontifikat vum verstuerwene Poopst deel ze huelen. D’Feier, déi vum Mgr Leo Wagener, Weibëschof, presidéiert gëtt, ass dëse Sonndeg, de 27. Abrëll 2025 um 18 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg.
D’Mass gëtt am Livestream op www.cathol.lu iwwerdroen.
Kondolenzbuch
E Kondolenzbuch läit fir de Public vun en Donneschdeg, 24. Abrëll, bis e Samschdeg, 26. Abrëll, an der Kathedral aus (vun 8 bis 18 Auer). All Leit, déi hir Trauer oder Reverenz bei Geleeënheet vum Doud vum Poopst Franziskus wëllen zum Ausdrock bréngen, sinn invitéiert sech hei anzedroen.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Danksagungsmass zu Éiere vum Poopst Franziskus
Dëse Sonndeg an der Kathedral
-
Begriefnesmass vum Poopst Franziskus zu Roum
Poopstbegriefnes live op apart-TV a cathol.lu
-
Le Christ est ressuscité !
Dans la nuit de Pâques, trente-quatre catéchumènes adultes ont été baptisés dans le diocèse.
-
Pater Jacques de l'Arbre SJ am 18. April 2025 verstorben
Er verstarb in der Nacht von Gründonnerstag auf Karfreitag.