Skip to main content Skip to page footer

Muttergottesjubiläum 2024-2025: Fundstécker

Congrégation de la Sainte Vierge: Diplôme d’admission vun 1908

Den 9. Abrëll 1894 ass zu Virton an der Province du Luxembourg/Belsch meng Groussmamm Laure Marie Athalie Henriette Mersch gebuer ginn; hire Papp, de Gustave Mersch-Verhagen, wor do e gutt établéierte Wäinhändler (souguer Fournisseur du Saint-Siège). D’Laure huet als jonkt Meedchen d’Schoul vun de Schwëstere vun der Doctrine Chrétienne besicht, eng Kongregatioun, déi vun der ignatianescher (also jesuitescher) Spiritualitéit geprägt ass. Eise Fieldgen zu Lëtzebuerg gehéiert bekanntlech och zu dëser Kongregatioun.

Virton huet laang Zäit zum alen Duché vu Lëtzebuerg gehéiert. Säi Wopen ass nach haut an der Kathedral ze gesinn, well et huet zu deene Stied gehéiert, déi 1678 d’Muttergottes, d’Tréischterin am Leed, zu hirer Patréinesch vum ganzen Duché gewielt hunn.

D’Veréierung vun der Tréischterin am Leed ass zu Lëtzebuerg zënter 1624 ganz staark vun de Jesuiten aus dem Lëtzebuerger Kolléisch promouvéiert ginn. Grouss Deeler vun der Populatioun hu sech engagéiert an de Sodalitéiten a Brudderschaften. Duerzou hunn och d’Weie vu Kanner a Jonker un d’Muttergottes gehéiert. Dës Traditioun huet sech op ville Plazen nach laang gehalen, och wa sech déi kierchlech a politesch Realitéite vill verännert hunn.

Meng Groussmamm Laure ass jiddefalls am Joer 1908, den 23. Mee, als jonkt Meedche vun 14 Joer, «après avoir satisfait à toutes les épreuves d’usage» an d’»Congrégation des enfants de Marie» opgeholl ginn, déi am Pensionnat vun der Doctrine Chrétienne «sous le vocable de l’Immaculée Conception» gegrënnt gi wor. Virton huet deemools nët méi zum alen Duché gehéiert, mee d’Trei zur Tréischterin ass nach ëmmer héich gehale ginn.

Mireille Sigal, Pastoralreferentin an der Por Lëtzebuerg Notre-Dame

Eng Plaquette zur Oktav vun 1959

D’Organisatioun vun der Oktav ass mat Käschte verbonnen. Dat wor fréier esou an ass och haut nach net aanescht. Dës Käschte ginn deels iwwert Spenden, den Affer, ma och iwwert d’Vente vu sougenannten Dévotionalien gedeckt. D’Wuert “Devotionalien” kënnt aus dem laténgeschen (Devotio=Andacht) an domadder sinn allerhand Géigestänn, déi an der perséinlecher reliéiser Praxis eng Roll spillen, gemengt. Dat kënne Kräizer, Rousekränz, Statuen, Plaquetten oder Änleches sinn. 

D’Vente vun dësen Objeten ass awer net nëmme wichteg fir d’Käschten ze decken, ma mam Kaaf vun Devotionalie bleift de Keefer oder de Beschenkte mat der Plaz vum Pèlerinage verbonnen a behält e Souvenir vum Pèlerinage. Hei e Beispill vun enger Plaquette, wéi der esou vill hei am Land verkaf goufen.

Op der Plaquette sinn déi wichtegst Etappë vun eiser Muttergottesoktav mat de jeweilege Joreszuelen duergestallt. 

  • 1624: De Pater Brocquart stellt d’Muttergottesstatu um Glacis op (op engem hëllze Kräiz)
  • 1628: Konsekratioun vun der éischter Glaciskapell duerch de Bëschof vun Tréier, Georg von Helfenstein. Déi éischt Glaciskapell stoung net wäit vum aktuelle Nikloskierfecht ewech un der Kräizung bei der Faïenceriestrooss 
  • 1639: Heelung vun der Duechter vum Generalprokurator vu Lëtzebuerg, der Johanna Gaudius, um Dag vum Fest vu Mariä Gebuert, den 8. September 1639
  • 1640: Vergréisserung vun der éischter Glaciskapell 
  • 1666: Erwielung vun der Muttergottes zur Patréinesch vun der Stad Lëtzebuerg 
  • 1667: Iwwerreechung vum gëllene Votivschlëssel duerch de Gouverneur den 10. Oktober 1667
  • 1678: Erwielung vun der Muttergottes zur Patréinesch vu Stad a Land op Initiative vum Provinzialrot
  • 1719: Heelung vun der Johanna Jovilet an der fréeirer Jesuitekierch, der aktueller Kathedral 
  • 1938: Enn vun de Vergréisserungsaarbechte vun der Kathedral, responsablen Architekt: Hubert Schumacher, Berodung: Professor Dr Leo Lommel, spéidere Bëschof vu Lëtzebuerg

Chantal Conrad-Fohl

Präsenz vun der Oktav an de Famillen

Duelemer Kierch

Nom 2. Weltkrich ass d'Kierch, déi vun den Nazien am Krich staark zerstéiert gouf (Sprengung vum Tuerm) ënnert dem Paschtouer Jean-Pierre Hentzen senger Leedung vu Fräiwëllegen erëm opgebaut ginn. Als Merci, dass den Här Paschtouer Hentzen aus dem KZ zeréckkoum an d'Kierch erëm konnt opgebaut ginn, gouf eng Feier zu Éieren vun der Tréischterin ofgehal. (S. Meyers)

Documentaire zu der Consolatrix hiere Kleeder